Do bleiwe keng Wënsch op

Eis Hal léisst keng Wënsch op.  47 x 25 Meter grouss ass hei genuch Platz fir Dressur, Training, Sprangen, Reitstonnen a villes méi. Fir 10€ pro Stonn a Päerd kann eis Hal iwwerdeems gelount ginn och ouni ee Päerd op eisem Haff stoen ze hunn: Perfekt fir Reitstonnen.

Dir sidd ongestéiert

Dir braucht Iech keng Suerge méi ze maachen. Soubal dir Reithal reservéiert hutt ass déi exklusiv fir Iech accessibel: Dir sidd ongestéiert an kënnt Iech op dat Wesentlech konzentréieren. Op eisem Fonkelneie Reitsand mat Schnëppelen (2017 erneiert) ass ee bequeme Training garantéiert.

All Virdeeler vun eiser Reithal op ee Bléck:

  • 47 x 25 Meter grouss
  • Direkt bei de Boxen
  • Kaum 50 Meter bis bei Wäschplaatzen
  • Knapp 150 Meter bis an de Bësch
  • Den Haffbesëtzer wunnt um Site - Et ass also ëmmer een Uspriechpartner do